1,1K
Auch verfügbar auf: English
Français
Deutsch
Partner Content.
Verwuerelter
Für: 34 Verwuerelter Vorbereitungszeit: Kochzeit:
Nutrition facts: 200 calories 20 grams fat
Rating: 5.0/5 ( 1 voted )
Zutaten
Fir d’Verwurrelter:
- 270 g Miel Le Moulin Pâtisserie Bio
- 75 g Botter, Raumtemperatur
- 50 g Zocker
- 2 Eeër
- 1 Zoppeläffel Vanill-Extrakt
- 50 ml Ram
- 1 ½ Téiläffel Bakpolver
- 1 ½ Téiläffel Kanéil (optional)
- Eng Prise Salz
Fir ze frittéiere:
- Planzlechen Ueleg
Fir ze zerwéiere:
- Pudderzocker
- Kanéil
Zubereitung
- Gidd de Botter an den Zocker an eng Schossel an veréiert se bis dat et cremeg ass. Gidd een Ee nom aneren dobäi an réiert kräfteg dotëscht. Gidd den Vanill-Extrakt bei an réiert nees kräfteg.
- Mixt d’Miel, d’Bakpolver, d’Kanéil an d’Salz enger separater Schossel.
- Gidd den dréchene Mix bei den naasse Mix a réiert alles zu engem glaten Deeg.
- Leet den Deeg op eng agemielte Surface a rullt en a Form vun engem Rechteck vun ongeféier 35 x 20 cm.
- Schneit den Rechteck den Längt no an zwee a schneit dann aus all Hallschent 17 Sträifen vun 10 x 2 cm.
- Macht e Knuet an all Sträif a leet en op d’Säit.
- Heizt den Ueleg an enger grousser Pan oder engem Frittendëppen op ronn 180°C
Frittéiert e puer Kniet op eng Kéier fir ongeféier 4 Minutte bis dat se goldeg-brong sinn. - Huelt Kniet mat engem groussen gelächerten Läffel aus dem Ueleg a leet se op en Teller mat Kichepabeier fir ze ofzedrëpsen.
- Mescht e bessen Knéil ennert den Pudderzocker.
- Nodeems d’Verwurrelter ofgedrëpst aer nach waarm sinn, gidd se an eng grouss Schossel a street den Pudderzocker driwwer.
- Am beschte schmaachen se frësch.
Haben Sie dieses Rezept ausprobiert?
Zeigen Sie es uns & taggen uns auf Instagram unter @kachenmagazine